Vegetaresche Kachcours fir virwetzeg op déi vill verschidde Goût‘en vun der vegetarescher a veganer Kichen ze machen

Vegetaresche Kachcours fir virwetzeg op déi vill verschidde Goût‘en vun der vegetarescher a veganer Kichen ze machen

Hei gi gutt an attraktiv Rezepter no „ovo-lacto-vegetareschen“, „lacto-vegetareschen“ a „veganen“ Kriterien zesummen zoubereet an d’Prinzipie vun der Vollwäert-, vegetarescher- a veganer Kichen erkläert. Esou gesäit een, datt een och ouni Fleesch a Fësch gesond, gutt an ofwiesslungsräich kachen a genéisse kann. Selbstverständlech gëtt mat Liewensmëttelen aus biologeschem Ubau gekacht.

Ofgehale gëtt de Kachcours vum Lydie Philippy, Autorin vun de Kachbicher «Natierlech genéissen» a Bloggerin vum „veggie-table.lu“.

Programm:

U véier Owender gi verschidde Menüe gekacht vum Fingerfood, Entrée an Zopp bis hin zu Haaptplat an Dessert.

D’Leit, déi um Kachcours deelhuelen, preparéieren a kache selwer, duerno gëtt zesumme geschmaacht.

Wéini a wou:

Jeeweils Méindes, den 1.; 8.; 15. an 22. Oktober  an der Kiche vum Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, L-2663 Luxembourg vun 18.15 bis 21.30 Auer. En zweete Kachcours gett gehaale den, 5.; 12.; 19. an 26. November an der Kiche vum Oekozenter Pafendall, vun 18.15. bis 21.30 Auer.

Präis:

De Präis (4 Owender plus Dossier mat Rezepter) ass 110.- Euro fir Membere vum Mouvement Ecologique an 120.- Euro fir Net-Memberen. Iwwerweisung vun der Participatioun op ee vun de Konte vum Mouvement Ecologique: BCEE LU20 0019 1300 1122 4000 oder CCP LU16 1111 0392 1729 0000 mat der Mentioun „vegetaresche Kachcours – Oktober», resp. «vegetaresche Kachcours – November»

Umeldung:

Per Tel. 43 90 30-1 oder per E-Mail: [email protected]

Mëllt Iech w.e.g. mat Zäiten un, wëll maximal 15 Leit pro Kachcours ugeholl ginn, déi éischt si vir.

Umeldung spéitstens bis den 24. September 2018 fir de Kachcours am Oktober an 29. Oktober fir dee vum November.


wallpaper-1019588
Wenn das Neue lockt: Shiny New Object Syndrome im Online-Business
wallpaper-1019588
KiVVON: Der Game-Changer für Content-Creators
wallpaper-1019588
Mexikanische Burrito Bowl mit Pico de Gallo (Vegan)
wallpaper-1019588
The Great Cleric: Serie wird auf Disc erscheinen