Vierwetzesch op di vill verschidde Goût‘en vum vegetareschen Iessen oder Loscht op kulinaresch nei Entdeckungen?
An de vegetaresche Kachcoursen vum Mouvement Ecologique gi gutt an attraktiv Rezepter no “ovo-lacto-vegetareschen” a “vegan” Kriterien zesummen zoubereed an d’Prinzipie vun der Vollwäert -, Vegetareschen- a Vegan-Kichen erkläert. Esou gesäit een, datt een och ouni Fleesch a Fësch gesond, gutt an ofwiesslungsräich kachen a genéisse kann.
Selbstverständlech gëtt mat Liewensmëttelen aus biologeschem Ubau gekacht.
Ofgehale gëtt de Kachcours natiirlech vum Lydie Philippy.
Programm:
Un véier Owender gi verschidde Menüe gekacht vum Fingerfood, Entrée an Zopp bis hin zu Haaptplat an Dessert. D’Leit, déi um Kachcours deelhuelen, präparéieren a kache selwer, duerno gëtt zesumme geschmaacht.
Wéini a wou??:
Et ginn zwou Séancen vun Kachcoursen ugebueden:
- Den éischten Cours: emmer Dënschdes, den 21., 28. Oktober an den 4., 11. November vun 18.00 bis ongeféier 21.30 Auer.
- Den zweete Cours: emmer Donneschdes, den 20., 27. November an den 11., 18. Dezember vun 18.00 bis ongeféier 21.30 Auer.
an der Kichen vum Oekozenter, 6, rue Vauban, L-2663 Pafendall/ Lëtzebuerg.
Präis:
De Präis (4 Owender plus Dossier mat Rezepter) ass 120 € fir Memberen an 140 € fir Net-Memberen.
Iwwerweisung vun der Participatioun op den Kont LU98 1111 0021 2285 0000 (Meco, Philippy L.) mat der Mentioun “vegetaresche Kachcours 1″ oder „vegetaresche Kachcours 2“.
Umeldung:
Per Tel. 43 90 30-1 oder per e-mail: [email protected]
Mellt iech w.e.g. mat Zäiten un, well et gi maximal 15 Leit ugeholl, déi éischt si fir!!
Umeldung spéitstens bis den 17.10.2014.