Vegetaresche Kachcours fir virwetzeg op déi vill verschidde Goût‘en vun der vegetarescher a veganer Kichen ze machen

Porettenzalot-700x361

Hei gi gutt an attraktiv Rezepter no „ovo-lacto-vegetareschen“, „lacto-vegetareschen“ a „veganen“ Kriterien zesummen zoubereed an d’Prinzipie vun der Vollwäert-, vegetarescher- a veganer Kichen erkläert. Esou gesäit een, datt een och ouni Fleesch a Fësch gesond, gutt an ofwiesslungsräich kachen a genéisse kann. Selbstverständlech gëtt mat Liewensmëttelen aus biologeschem Ubau gekacht.

Ofgehale gëtt de Kachcours vum Lydie Philippy, Autorin vun de Kachbicher «Natierlech genéissen» a Bloggerin vum „veggietable.lu“.

Programm:

U véier Owender gi verschidde Menüe gekacht vum Fingerfood, Entrée an Zopp bis hin zu Haaptplat an Dessert. D’Leit, déi um Kachcours deelhuelen, präparéieren a kache selwer, duerno gëtt zesumme geschmaacht.

Wéini a wou:

Jeeweils Méindes, den 8. / 15. / 22. a 29. Mee 2017 an der Kichen vum Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, L-2663 Luxembourg vun 18.00 bis 21.30 Auer.

Präis:

De Präis (4 Owender plus Dossier mat Rezepter) ass 110.-Euro fir Membere vum Mouvement Ecologique an 120.- Euro fir Net-Memberen. Iwwerweisung vun der Participatioun op ee vun de Konten vum Mouvement Ecologique: BCEE LU20 0019 1300 1122 4000 oder CCP LU16 1111 0392 1729 0000 mat der Mentioun „vegetaresche Kachcours, Oekozenter Pafendall“.

Umeldung:

Per Tel. 43 90 30-1 oder per E-Mail: [email protected]

Mëllt Iech w.e.g. mat Zäiten un, wëll maximal 15 Leit ugeholl ginn, déi éischt si fir.


wallpaper-1019588
Deutscher Simuldub zu “I Was Reincarnated as the 7th Prince” gestartet
wallpaper-1019588
Final Fantasy XII – Brettspiel zum PS2-Klassiker angekündigt
wallpaper-1019588
Super Nintendo World – „Donkey Kong Country“-Eröffnung verschoben
wallpaper-1019588
Pokémon Karmesin und Purpur – Neues Tera-Raid-Event am Wochenende